megaLab 2025
Gläichstellung an Diversitéit an der Aarbechtswelt
Wéi gesäit eng gerecht Aarbechtswelt aus? Fir wien ass Plaz, a fir wien net? Fir d’Editioun 2025 vum megaLab hu mir zesumme mat de Jonken op Gläichstellung an Diversitéit op der Schaff gekuckt – a wéi jiddereen, egal wéi säi Geschlecht oder seng Liewenssituatioun, eng fair Chance soll hunn, sech z’entwéckelen.
An interaktive Workshops gouf sech e.a. ausernee gesat mat:
-
Virurteeler bei der Astellung oder Promotiounen
-
Ongläich Lounverhältnisser
-
Gläichgewiicht tëscht Beruff a Privatliewen
-
Rollerestereotypen a Männer- a Fraenberuffer
-
Beruffsorientéierung an nei Méiglechkeeten
D’Zil war et, jonke Leit konkret Wëssen an Reflexiounsméiglechkeeten ze ginn, fir sech hir berufflech Zukunft bewosst an inklusiv virzestellen.
De neie megaLab 2025 huet den 20. an 21. November iwwer 800 Kanner a Jonken eng Plattform gebuede fir sech aktiv a flotte Workshops mat Themen auserneen ze setzen, Froen ze stellen a Meenungen auszetauschen, a gemeinsam no vir ze kucken.
Rock de rack 2024
Gläichstellung & STEAM
De Rock de Rack vun 2024 stoung ënnert dem Thema vun der Gläichstellung a STEAM an huet de 24. a 25. Oktober am Kinepolis um Kierchbierg stattfonnt. Wéi déi aner Joeren konnten déi Klasse wou sech ageschriwwen hunn nees ee Choix un Themenatelieren uginn déi hinnen am meeschten zougesot hunn.
Wat nei war fir d’Editioun vun 2024, ass dat nierwt de Klassen aus dem Secondaire déi sech fir de 24. duerften umellen, och Klassen aus dem Cycle 4 sech duerften umellen, dëst fir de 25. Oktober.
ROCK DE RACK 2023
Inegalitéiten am Sport (2023)
De Rock de Rack vun 2023 – ënnert dem Thema vun den Inegalitéiten am Sport – war ee vollen Erfolleg! Mat iwwer 450 Schüler, Schülerinnen a Begleetpersounen, war dës Editioun net nëmmen déi meescht-besichten Editioun, mee mat 13 verschidden Ateliere stoungen 2023 och souvill verschidden Atelieren zur Auswiel wéi nach ni virdrun!
Hei fannt dir een Abléck op de Rock de Rack 2023 a seng verschiddenen Atelieren:
D’Christelle Diederich, Sportjournalistin, erkläert wat de Rock de Rack 2023 op sech hat.
IMPRESSIOUNEN
2022 a virdrun
Sexismus a Stereotyppen an de Medien (2022)
De 27 an 28. Oktober 2022 huet d’Taina Bofferding, Ministesch fir Gläichstellung, fir d’drëtt Kéiert op de Rock de Rack invitéiert. Hei konnten iwwer 350 Jonker zesumme mat hire Begleeder a Begleederinnen un enger Villfalt un Atelieren deelhuelen.
D’Gruppe konnten sech fir 2 Atelieren entscheeden déi se ënner 9 verschiddene konnte wielen. Duerno konnten se de Film “Misbehaviour” gesinn dee vill Uklang fonnt huet, ier se d’Méiglechkeet kruten sech iwwert hiren Dag an hier alldeeglech Suergen zum Thema Sexismus, Diskriminatioun a Gläichstellung beim Rock de Krees auszedrécken. Dir fannt hei e puer Impressioune vum Dag.
KONZEPT
Een Erliefnis fir all Participant, an engem eenzegaartege Kader
Atelieren
De megaLab steet all Joer ënner engem generellen Thema wéi zum Beispill dem Sexismus, dem Sport oder der Filmwelt. All Joer, a passend zum jeeweilege Kontext, proposéieren de MEGA a seng Partner ee variéierte Choix un Ateliere wou d’Klassen sech kënne raussichen.
Austausch
De megaLab bitt de Gruppen un 3 verschidden Atelieren an engem Dag z’erliewen. Virun, wärend, tëscht an no dësen Atelier encouragéiert de MEGA den Echange tëscht alle Jonken.
Positive Kader
Et ass d’Zil, datt um Schluss vum Dag, all Participant ee positiivt Erliefnes hat, sief et duerch eng flott Ambiance, oder och nach eng gesond Verfleegung. Esou sinn déi Jonk prett sech hier eege Gedanken zur Gläichstellung ze maachen.
megaLABBER
Fir de megaLABBER designéiert all Klass jeeweils op d’mannst eng Persoun déi als Rapporteur kuerz Conclusioune fir hier Klass zitt. An deem Kader dierf natierlech och all anere Jonken, Begleeder a Begleederin zu Wuert kommen.

