Aschreiwung megaLab 2026

De megaLab riicht sech dëst Joer just u Schoulklassen aus dem Enseignement Secondaire.

Är Informatiounen

Setzt d’Atelieren an d’Reiefolleg datt se vun uewen no Ă«nnen vun ärem 1. Choix rofginn.
  1. Sport: Move for All? – E Fuerschungsatelier iwwer Sport, kierperlech Aktivitéit a Diversitéit (INAPS/Ministère des Sports)
  2. Nei Technologien: Generativ KI an d’Verstäerke vu geschlechtleche Virurteeler (Scienteens Lab/Uni.lu)
  3. Beruffswelt: Wat mécht mech aus? – En interaktive Fuerschungsatelier iwwer Geschlechterstereotyppen (SCRIPT/Ministère de l’Education nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse)
  4. Den Alldag: Sexismus am Alldag: Et ass un iech ze spillen! (Luxembourg Institute of Socio-Economic Research)
  5. Kultur: American Teenage Cinema – D’Duerstellung vu Jugend an Gender am Horrorkino säit 1980 (ab 16 Joer) (Centre national de l’audiovisuel).
Sport: Move for All? – E Fuerschungsatelier iwwer Sport, kierperlech Aktivitéit a Diversitéit
(INAPS/Ministère des Sports)

Firwat maachen e puer Leit gären Sport an anerer net? A spillt et eng Roll, wéi ee Geschlecht mir hunn? An dësem Atelier ënnersiche mir eis Erfarunge mam Sport an diskutéieren doriwwer. Mir kucken, wéi Identitéit, gesellschaftlech Virstellungen an Erwaardungen dës Erfarunge beaflosse kënnen.

Et geet dobäi net nëmmen ëm Theorie: Mir bezéien och praktesch Erfarunge mat an entdecken, wéi ënnerschiddlech Viraussetzungen a Perspektiven eis Erfarungen am Sport prägen.

Zesumme analyséieren an ausprobéiere mir, u wéi enge Stellschrauwen ee ka dréinen, fir datt sech all Mënsch – onofhängeg vu Geschlecht, Geschlechtsidentitéit oder anere perséinleche Viraussetzungen – am Sport a bei kierperlecher Aktivitéit wuel, sécher a wëllkomm fillt.

Um Enn geet et ëm är Perspektiv: Wéi kënnen Sportsofferen an Zukunft esou gestaltet ginn, datt wierklech jidderee ka matmaachen a wëll matmaachen?

Nei Technologien : Generativ KI an d’Verstäerke vu geschlechtleche Virurteeler (Scienteens Lab/Uni.lu)

Generativ Kënschtlech Intelligenz ass an de leschte Joren enorm gewuess an Tools wei ChatGPT, Copilot, DeepL gi mëttlerweil alldeeglech am privaten a schoulesche Kontext benotzt. Mee ass dës Technologie iwwerhaapt fair?

Um Ufank kucken mer eis un, wat KI iwwerhaapt ass an wei eng KI op verschidden Froen kann Äntwerte gi a Biller generéieren kann. Fir den Haaptdeel maacht der dann selwer zwee Experimenter, fir ze vergläichen, wei KI verschidden Virurteeler, déi et an eiser Gesellschaft gëtt, duerstellt an analyséiert, ob KI-genereiert Biller dës Stereotyppen verstäerken oder net.

Beruffswelt : Wat mécht mech aus? – En interaktive Fuerschungsatelier iwwer Geschlechterstereotyppen (SCRIPT/Ministère de l’Education nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse)

An dësem Atelier ginn déi Jonk selwer zu Fuerscher*innen. Si ënnersichen, wéi eng Roll Geschlechterstereotyppen dobäi spillen, wat mir vun anere Leit erwaarden – zum Beispill wat si gär hunn, wat si gutt kënnen oder wat si spéider eng Kéier maache wëllen.

Duerch Spiller, Ëmfroen, Diskussiounen a konkret Beispiller sammele si Daten, iwwerpréiwen hir eege Vermutungen a vergläichen hir Erwaardunge mat deem, wat si tatsächlech erausfannen.

Amplaz fäerdeg Ă„ntwerten ze krĂ©ien, Ă«nnersichen dĂ©i Jonk d’Fro selwer:

Kann een um Geschlecht vun enger Persoun erkennen, wat si gär huet, gutt kann oder spéider wëll maachen?

Den Alldag : Sexismus am Alldag: Et ass un iech ze spillen! (Luxembourg Institute of Socio-Economic Research)

Sexismus fält net ëmmer direkt op. Heiansdo verstoppt en sech an alldeegleche Situatiounen, Witzer, Bemierkungen, Uerteeler oder Verhalensweisen.

De GG (Gender Game) ass e grousst Brietspill, bei deem Ekippen a Froen-an-Äntwerten-Challengen iwwer Sexismus a Geschlechterstereotyppen untrieden. Kommt würfelen, eng Kaart zéien, eng Fro beäntweren – an da kucke mer zesummen: Stëmmt är Äntwert mat de Resultater vun der Fuerschung iwwereneen? Eng spilleresch Manéier, fir eis Virstellungen op d’Prouf ze stellen – an esou munches a Fro ze stellen, wat mir fir selbstverständlech halen!

Sexismus am Alldag: Kënnt dir en erkennen? Elo ass et un iech ze spillen!

Kultur: American Teenage Cinema – D’Duerstellung vu Jugend an Gender am Horrorkino säit 1980 (ab 16 Joer) (Centre national de l’audiovisuel). 

Kaum en anere Filmgenre erzielt esou dacks vum Erwuessegi wéi den Horrorkino: Seng „Monstere“ verkierpere gesellschaftlech Ängschten an Onsécherheete ronderëm e Kierper, deen sech verännert, d’Entdeckung vun der Sexualitéit an d’Sich no der eegener Identitéit. Zënter den 1950er-Jore schwätzt den Horrorkino Jugendlecher och geziilt als Public un – a präägt domat hire Bléck op sech selwer.

Horrorfilmer vermëttele Virstellungen dovun, wat als „weiblech“ oder „männlech“ gëllt, si beloune bestëmmte Verhalensweisen a bestrofen anerer. Gläichzäiteg bréngt de Genre och ëmmer nees Figuren ervir, déi sech dësen Erwaardunge widdersetzen, a stellt domat seng eege Konventiounen a Fro.

Am Atelier kucken d’SchĂĽler:inne FilmausschnĂ«tter an analysĂ©ieren, wĂ©i sech dĂ«s Geschlechterbiller a -konstruktioune vun den 1980er-Jore bis haut verännert hunn, vu Carrie (1976) an Halloween (1978) iwwer Scream bis zu Jennifer’s Body (2009) an It Follows (2014). Am MĂ«ttelpunkt steet d’Fro, wĂ©i Figurenzeechnung, Erzielweis, Kamera a Bildgestaltung Geschlechterrolle konstruĂ©ieren: Wiem säi BlĂ©ck iwwerhĂ«lt d’Kamera? Wie gĂ«tt zum Affer, wie kann d’Geschicht aktiv beaflossen? Wie gĂ«tt als Held oder Heldin duergestallt, wien als Monster? WĂ©i eng (Geschlechter-)Stereotyppen kommen Ă«mmer nees erĂ«m? Dobäi geet et besonnesch Ă«m d’Figur vum „Final Girl“, dat sech um Enn dem Killer entgĂ©intstellt – a mĂ«ttlerweil selwer zum Klischee ginn ass, mat deem dĂ©i mĂ©i rezent Filmer spillen.

D’Zil ass, datt déi Jugendlech dës Konstruktioune selwer erkennen a kritesch hannerfroe kënnen.

GrĂ©isst vu Klass an all eventuell aner wichteg Informatioune fir d’Organisatioun
De MEGALAB ass gratis fir all Participant. Iessen a Gedrénks gëtt den Dag iwwer gestallt. Et wier gutt wann all schüler a Schülerin géif hir eegen Drénkfläsch matbréngen.