Vu Rock de Rack op megaLab

En neien Numm fir eng nei Generatioun – selwecht Missioun, selwecht Energie!

De Rock de Rack ass säit Joren e feste Rendez-vous fir Jonker aus dem ganze Land. Mat Workshops, Aktivitéiten a ville spannende Momenter, stoung ëmmer eppes am Mëttelpunkt: Jonk Leit stäerken an hinnen d’Méiglechkeet ginn, iwwer Gläichstellung an Diversitéit nozedenken an ze diskutéieren.

Mee d’Evenement huet sech entwéckelt – genau wéi déi jonk Generatioun, déi drun deelhëlt. Amplaz vu Concerten a Festivalfeeling stinn haut virun Allem déi interaktiv Atelieren, Reflexiounszäiten an experimentell Formater am Fokus – nach ëmmer spannend, nach ëmmer dynamesch, mee mat engem kloere Sensibiliséierungs-Schwéierpunkt.

Dofir hu mir decidéiert, dem Ganzen och en neien Numm ze ginn, deen dat besser reflektéiert:

De megaLab

D’Deeg vun der Gläichstellung an Diversitéit fir jonk Leit!

Wéi an engem richtege Labo, kann een hei testen, probéieren, an zesumme léieren. De neien Numm weist och d’Verbindung zum Ministère fir Gläichstellung a Diversitéit (MEGA), deen hannert dësem Projet steet, a betount den Engagement fir eng inklusiv a fair Zukunft.

Ob’s du schonn zanter Joren derbäi bass oder fir d’éischte Kéier deelhëls, de megaLab ass fir dech! Mell dech an deng Klass un an entwéckel mat eis d’Welt vu muer – gerecht, divers a kreativ.