megaLab 2026

De Ministère fir Gläichstellung an Diversitéit huet d’Freed, Iech op de megaLab 2026 ze invitéieren, deen den Donneschdeg, 12. November, an de Freideg, 13. November 2026, vun 8.30 bis 15.00 Auer am Kinepolis Kirchberg stattfënnt.

De megaLab riicht sech u Schüler a Schülerinnen aus de Lycéeën zu Lëtzebuerg a bitt e Raum fir Austausch, Experimentéieren a Reflexioun iwwer Froen zur Gläichstellung an Diversitéit, déi jonk Leit direkt betreffen.

Am Laf vun hirem Dag um megaLab duerchlafen d’Schüler a Schülerinnen e Parcours mat interaktiven a partizipative Workshops, déi si dozou invitéieren, Stereotyppen a Fro ze stellen, d’Mechanisme vun Ongläichheeten an Diskriminéierungen besser ze verstoen an zesummen iwwer konkret Handlungsméiglechkeeten nozedenken.

D’Workshops behandelen ë. a. folgend Themen:

Firwat maachen e puer Leit gären Sport an anerer net? A spillt et eng Roll, wéi ee Geschlecht mir hunn? An dësem Atelier ënnersiche mir eis Erfarunge mam Sport an diskutéieren doriwwer. Mir kucken, wéi Identitéit, gesellschaftlech Virstellungen an Erwaardungen dës Erfarunge beaflosse kënnen.

Et geet dobäi net nëmmen ëm Theorie: Mir bezéien och praktesch Erfarunge mat an entdecken, wéi ënnerschiddlech Viraussetzungen a Perspektiven eis Erfarungen am Sport prägen.

Zesumme analyséieren an ausprobéiere mir, u wéi enge Stellschrauwen ee ka dréinen, fir datt sech all Mënsch – onofhängeg vu Geschlecht, Geschlechtsidentitéit oder anere perséinleche Viraussetzungen – am Sport a bei kierperlecher Aktivitéit wuel, sécher a wëllkomm fillt.

Um Enn geet et ëm är Perspektiv: Wéi kënnen Sportsofferen an Zukunft esou gestaltet ginn, datt wierklech jidderee ka matmaachen a wëll matmaachen?

Generativ Kënschtlech Intelligenz ass an de leschte Joren enorm gewuess an Tools wei ChatGPT, Copilot, DeepL gi mëttlerweil alldeeglech am privaten a schoulesche Kontext benotzt. Mee ass dës Technologie iwwerhaapt fair?

Um Ufank kucken mer eis un, wat KI iwwerhaapt ass an wei eng KI op verschidden Froen kann Äntwerte gi a Biller generéieren kann. Fir den Haaptdeel maacht der dann selwer zwee Experimenter, fir ze vergläichen, wei KI verschidden Virurteeler, déi et an eiser Gesellschaft gëtt, duerstellt an analyséiert, ob KI-genereiert Biller dës Stereotyppen verstäerken oder net.

An dësem Atelier ginn déi Jonk selwer zu Fuerscher*innen. Si ënnersichen, wéi eng Roll Geschlechterstereotyppen dobäi spillen, wat mir vun anere Leit erwaarden – zum Beispill wat si gär hunn, wat si gutt kënnen oder wat si spéider eng Kéier maache wëllen.

Duerch Spiller, Ëmfroen, Diskussiounen a konkret Beispiller sammele si Daten, iwwerpréiwen hir eege Vermutungen a vergläichen hir Erwaardunge mat deem, wat si tatsächlech erausfannen.

Amplaz fäerdeg Äntwerten ze kréien, ënnersichen déi Jonk d’Fro selwer:

Kann een um Geschlecht vun enger Persoun erkennen, wat si gär huet, gutt kann oder spéider wëll maachen?

Sexismus fält Sexismus fält net ëmmer direkt op. Heiansdo verstoppt en sech an alldeegleche Situatiounen, Witzer, Bemierkungen, Uerteeler oder Verhalensweisen.

De GG (Gender Game) ass e grousst Brietspill, bei deem Ekippen a Froen-an-Äntwerten-Challengen iwwer Sexismus a Geschlechterstereotyppen untrieden. Kommt würfelen, eng Kaart zéien, eng Fro beäntweren – an da kucke mer zesummen: Stëmmt är Äntwert mat de Resultater vun der Fuerschung iwwereneen? Eng spilleresch Manéier, fir eis Virstellungen op d’Prouf ze stellen – an esou munches a Fro ze stellen, wat mir fir selbstverständlech halen!

Sexismus am Alldag: Kënnt dir en erkennen? Elo ass et un iech ze spillen!


Kaum en anere Filmgenre erzielt esou dacks vum Erwuessegi wéi den Horrorkino: Seng „Monstere“ verkierpere gesellschaftlech Ängschten an Onsécherheete ronderëm e Kierper, deen sech verännert, d’Entdeckung vun der Sexualitéit an d’Sich no der eegener Identitéit. Zënter den 1950er-Jore schwätzt den Horrorkino Jugendlecher och geziilt als Public un – a präägt domat hire Bléck op sech selwer.

Horrorfilmer vermëttele Virstellungen dovun, wat als „weiblech“ oder „männlech“ gëllt, si beloune bestëmmte Verhalensweisen a bestrofen anerer. Gläichzäiteg bréngt de Genre och ëmmer nees Figuren ervir, déi sech dësen Erwaardunge widdersetzen, a stellt domat seng eege Konventiounen a Fro.

Am Atelier kucken d’Schüler:inne Filmausschnëtter an analyséieren, wéi sech dës Geschlechterbiller a -konstruktioune vun den 1980er-Jore bis haut verännert hunn, vu Carrie (1976) an Halloween (1978) iwwer Scream bis zu Jennifer’s Body (2009) an It Follows (2014). Am Mëttelpunkt steet d’Fro, wéi Figurenzeechnung, Erzielweis, Kamera a Bildgestaltung Geschlechterrolle konstruéieren: Wiem säi Bléck iwwerhëlt d’Kamera? Wie gëtt zum Affer, wie kann d’Geschicht aktiv beaflossen? Wie gëtt als Held oder Heldin duergestallt, wien als Monster? Wéi eng (Geschlechter-)Stereotyppen kommen ëmmer nees erëm? Dobäi geet et besonnesch ëm d’Figur vum „Final Girl“, dat sech um Enn dem Killer entgéintstellt – a mëttlerweil selwer zum Klischee ginn ass, mat deem déi méi rezent Filmer spillen.

D’Zil ass, datt déi Jugendlech dës Konstruktioune selwer erkennen a kritesch hannerfroe kënnen.


Fir e kohärente pedagogesche Parcours ze garantéieren, muss d’Aschreiwung obligatoresch fir e ganzen Dag gemaach ginn. Et ass also net méiglech, eng Klass nëmme fir eenzel Workshops oder eenzel Programmpunkten unzemellen.

Fir den Austausch an d’Reflexiounen am Laf vum Dag ze fërderen, gëtt pro Workshop e Schüler oder eng Schülerin als Rapporter/Rapportesch ausgewielt. Seng oder hir Aufgab besteet doranner, déi wichtegst Erkenntnisser an Iddien aus dem Workshop festzehalen an dës duerno virun alle Participanten a Participante virzestellen.

Wann e Schüler oder eng Schülerin aus Ärer Klass sech dëser Aufgab stelle wëllt, encouragéiere mir Iech, hien oder hatt ze motivéieren, sech fräiwëlleg ze mellen. Eng flott Geleeënheet, d’Wuert ze ergräifen an d’Iddie vu senger oder hirer Grupp mat deenen aneren ze deelen.

D’Workshops ginn op Lëtzebuergesch ugebueden. Fir international Klassen kënne si op Ufro och op Englesch ofgehale ginn, virausgesat, datt dëst am Viraus ugefrot gëtt.

Mir invitéieren Iech schonn elo, gratis eng oder méi Klassen aus Ärem Etablissement fir ee vun deenen zwee Deeg vum megaLab 2026 unzemellen.

Praktesch Informatiounen

  • Datumer: 12. oder 13. November 2026
  • Auerzäit: vun 8.30 bis 15.00 Auer
  • Plaz: Kinepolis Kirchberg
  • Catering: Kaffi an e Mëttegiessen gi fir d’Schüler a Schülerinnen an déi begleedend Persounen zur Verfügung gestallt.
  • Umeldeschluss: 1. November 2026
  • Umeldung
  • Kontakt: megalab@mega.etat.lu / +352 247 – 85810 / +352 247 – 85819

Wärend der Manifestatioun kënne Fotoen a Videoe gemaach ginn. Mir bieden d’Léierpersonal, am Viraus mat hire Schüler a Schülerinnen ze klären, wéi et mat hirem Recht um eegene Bild ausgesäit. Schüler a Schülerinnen, déi net fotograféiert oder gefilmt wëlle ginn, mussen nach virum Ufank vun der Manifestatioun kloer identifizéiert ginn.

Mir géifen eis freeën, Är Schüler a Schülerinnen um megaLab 2026 fir en Dag am Zeeche vun Austausch, Reflexioun a Matmaachen ronderëm d’Gläichstellung an d’Diversitéit begréissen ze kënnen.