Am Kader vum neie megaLab – den Deeg vun der Gläichstellung a Diversitéit fir Jonker – sichen mir inspiréierend Atelieren ronderëm d’Thema Aarbechtswelt & Gläichstellung/Diversitéit!
Dir sidd eng Organisatioun, eng Verwaltung oder een oder eng Expertin, déi sech fir méi Gerechtegkeet a Villfalt um Aarbechtsmarché asetzt? Dir hutt eng kreativ Iddi wéi een dëst Thema u Jonker vermëttle kann?
Dann maacht mat a proposéiert en interaktive Workshop (75–90 Minutten), deen:
- fir Kanner vu 10–12 Joer an/oder Jonker vu 12–20 Joer ugeduecht ass
- sensibiliséiert, motivéiert a nei Perspektiven erméiglecht
- Spaass mécht, zum Matmaachen animéiert an der Grupp d’Thema méi no bréngt
🧠 Thema: Gläichstellung a Diversitéit um Aarbechtsmarché
📅 Datum: 20. an 21. November 2025
📍 Plaz: Kinepolis Kirchberg
Schéckt eis är Propose sou schnell wéi méiglech per Mail op [education]@/mega/.etat.lu, inklusiv:
- Titel an kuerz Beschreiwung vum Atelier
- Altersgrupp(en)
- Noutwendegt Material
- Zuel vun de Participanten (max/min)
- Ären Numm an Numm vun der eventueller Organisatioun/Struktur
Zesumme gestalte mir eng méiglechst inklusiv Aarbechtswelt vu muer – schonn haut!


