Rock de Rack 2021 – Egalitéit an de Medien, der Filmindustrie an dem Theater

De Rock de Rack ass ee Festival zum Thema Gläichstellung tëscht Fraen a Männer an ass speziell fir Jugendlecher aus dem Lycée opgestallt.

Beim Rock de Rack 2021 huet sech Alles em Medien, Filmer an den Theater gedréint. Des zweet Editioun vum Rock de Rack war di éischt Editioun déi sech am Kinepolis Kierchbierg ofgespillt huet. Hei haten 9 Klassen den 28. Oktober d’Chance 2 vun 9 verschiddenen Ateliere matzemaachen.

Nom spannende lëtzebuergesche Film “Histoire(s) de(s) femme(s)” iwwer d’Fraewalrecht zu Lëtzebuerg, haten déi 200 jonk Participante beim Rock de Krees duerno d’Chance sech bal 2 Stonne laang iwwert hier Erliefnisser an Erfarungen um Rock de Rack auszetauschen.

Lëscht vun den Atelieren

Dës Atelieren goufen entweckelt gehale vun de Partner vum MEGA:

  • Armée Luxembourgeoise: « Ensemble contre les stéréotypes »
  • CID Fraen & Gender: « La lutte pour l’égalité entre femmes et hommes »
  • science.lu/Fonds national de la recherche: « Wéi ticken Fuerscherinnen a Fuerscher?« 
  • École du théâtre: « Comment déjouer les stéréotypes et discriminations liés au sexe »
  • Graffiti asbl: « Représentation des genres dans la publicité »
  • CNA – Centre National de l’Audiovisuel: « Les super-héroines dans les films d’action »
  • LISER: « Gender-game 2.0 »
  • Makeit asbl: « Rocking Robots »
  • Université du Luxembourg: « Gender Crush – Media Edition: Das Spiel um Medien und Geschlechter »

Dëse Rock de Rack ass den 28. Oktober 2021 eng éischt Kéier am Kinepolis Kierchbierg organiséiert ginn.

De Rock de Rack 2021 a Biller

Hei drënner fannt dir den Aftermovie zum Rock de Rack 2021:

Reportage iwwert de Rock de Rack 2021 vum Uelzechtkanal